Infoversammlung „Nachhaltige Energieversorgung durch regionale Energiegemeinschaften“

NGPM (ugepasst)

SHARE

Informations générales


Date et horaire : lundi, 10 février 2025 16:00

Lieu : Trifolion Echternach


D’Klima-Agence an de Natur- & Geopark Mëllerdall invitéieren d’Betriber aus dem Mëllerdall häerzlech op d’Infoversammlung „Nachhaltige Energieversorgung durch regionale Energiegemeinschaften“.

Wéini: Méindes den 10. Februar vun 16 – 17:30 Auer

Wou: am Trifolion zu Iechternach

Eng "Energiegemeinschaft" bezeechent bspw. eng Grupp vu Betriber, déi d‘Energieproduktioun an – Notzung gemeinsam organiséieren, fir méi nohalteg, effizient a käschtegënschteg ze ginn.

D’Veranstaltung riicht sech un all Aktivitéitssecteur (Handel, Handwierk, Servicer, Landwirtschaft) a fënnt op Lëtzebuergesch statt. An deem Sënn géife mir Iech bieden, dëst Veranstaltung an Ärer Gemeng iwwert Är üblech Kanäl ze diffuséieren (Social Media, Newsletter etc.) a jee no Méiglechkeet, d‘Invitatioun un Är lokal Betriber weider ze leeden.

An der Annex biede mir Iech méi Detailer zum Programm ze fannen. D’Umeldunge lafe bis den 3. Februar via dësem Link:

https://www.klimapaktfirbetriber.lu/de/infoveranstaltung-nachhaltige-energieversorgung/

Téléchargements