Schéi Feierdeeg
SHARE
Léif Bäertrëffer Awunner,
Mir sinn elo rëm kuerz viru Chrëschtdag a virum Enn vun engem weidere Joer.Wéi all Joer kucken ech gären eng Kéier zeréck op dat wat war, a kucke gären no vir op dat wat kënnt.
Ee Joer wou mir als Schäfferot oft an der Dräierkonstellatioun ënnerwee waren. Op an der Gemeng oder um regionale wéi nationale Plang. Vill kleng Projete konnte mir ofschléissen oder och neier op d’Schinn setzen. De gréisste Projet vun der Schoul, Maison Relais a Crèche geet a grousse Schrëtt virun.
Bei de Biergerversammlungen hu mir probéiert bescht méiglech Erklärungen ze ginn, an op d’Froe souwéi d’Suerge vun de Bierger zu deenen eenzelnen Themen anzegoen. Mat der Initiatioun vum 1. Mëllerdaller Schäfferotstreffen hu mir ee wichtege regionalen Austausch lancéiert, deen elo ofwiesselnd vun deenen anere Gemenge wäert organiséiert ginn. Et soll een sech awer ni ze laang an der Vergaangenheet ophalen, dofir kucke mir elo no vir an dat nächst Joer. An zwar gëtt et do keng besser Plaz wéi vun eiser neier Panorama-Aussiichtsplattform op der Ruetsbechlee, di am kommende Fréijoer wäert fäerdeg sinn. Eise barrièrefräie Wanderwee, dee beim Tourist Office fortgeet a PMR gerecht ass, wäert verbessert ginn an domat och den neie Point de vue fir all Mënsch zougänglech maachen. Och am Veräinsliewe steet fir 2025 villes op der Agenda! Virun allem gëtt et villes ze feieren: 75 Joer Bäertrëffer Gesank Veräin50 Joer Fraen & Mammen 20 Joer HaupeschfestAn och eisen Aquatower feiert scho seng 10 Joer !Dëst bedeit ee voll gefëllte Manifestatiounskalenner 2025. Politesch ofgeschloss hu mir dat Joer hei mam Budget, deen unanime vum Gemengerot gestëmmt gouf. Mir hunn ee gesonde Budget, deen eis erlaabt och dat kommend Joer nieft eise grousse Projeten awer nach vill kleng Saachen unzegoen.
Ofschléissend well ech am Numm vum Schäfferot dem ganze Gemengerot souwéi dem ganze Gemengepersonal vun der Verwaltung wéi och vum Service Technique ee ganz decke Merci soe fir di loyal a fair Zesummenaarbecht!
Mir kucke voller Motivatioun an Zouversiicht op dat kommend Joer a wënschen alle Bäertrëffer Awunner a Geschäftsläit eng besënnlech Chrëschtzäit, eng stabil Gesondheet wéi och een erfollegräicht Joer 2025!
Joe, Dan & Marc